AUDIO: D'Flunkernews 9/2018 vum Serge Olmo

Stroftaxen fir Stol an Aluminium: Dëst ass eng katastrophal Noriicht fir d’Relatiounen tëscht den USA an Europa. Et ass am Gespréich datt di Stroftaxen och elo op verschidde Liewensmëttel wäerte kommen wéi zum Beispill: Liewerwurscht, Kürbissen, Lënsen…dat si nämlech Liewensmëttel mat ganz vill Eisen. Bretzelsonndeg; eng romantesch Traditioun: Et ass emol gutt datt een eng Bretzel fir seng Auserwielte bestellt. Kritt een sech awer kuerzfristeg an d’Hoer da kann een ëmmer nach aus der Bretzel eng Aachtchen an e Croissant maachen an dat normal beim Kaffi drénken.

Halleffaaschten: Bei eis ass et dëse Week-end. War et an Italien net schonn de leschte Week-end well bei de Wahlen, mat der Lega Nord, Hallef Faaschisten mat gewonnen hunn.

Videobeweis vun der FIFA ugeholl: De VAR gëtt also op der WM agesat an dann och an anere Kompetitiounen. Et ass komesch datt de Videoassistent grad bei de FIFA Spiller op den Nintendo, Xbox oder PlayStation Plateformen wahrscheinlech net wäert erlaabt ginn.

Matcher ofgesot: Bei eis goufe jo am Fussball 2 Spilldeeg wéinst Schnéi oder glaten Terrainen ofgesot. An de nërdleche Länner fuere schonn di Kleng Schi wéi mer trëppelen a fir de Fussball wier dat kee Problem gewiescht. Bei eis geet dat net op Schnéi oder glaten Terrainen ze spillen. En plus hu mer keng Schi-tsrichter.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...