Fleeschskandal zu Baaschtnech: Zimlech séier no dësem Skandal sinn elo elo di weltbekannt Vëloscourssen an der Géigend. D’Walloune wollten, datt d’Saach sech berouegt, mä an engem Mount an 2 Deeg viru Léck-Baaschtnech-Léck ass schonn d’Fleesch Walonne.

Chamberleak: Informatesch Pirate solle jo Informatiounen erofgelueden hunn an dat soll sech esou ofgespillt hunn, wéi bei engem Staubsauger. Waren et vläicht Informatesch As-Pirates-euren?

Walen a Russland: D’Russe sinn einfach geblennt vum Putin. Et gi Geschichten iwwer hien erzielt, déi hie quasi vergëttlechen. Elo kuerz virun de Walen ass ze héieren, datt hien esou intelligent wier, datt hie kënnt bis onendlech zielen an souguer vun hanne no vir …

Polemik ronderëm den neien Numm vum FN: De Front National wëll sech an Zukunft «Le Rassemblement National» nennen. Dee Numm ass jo awer scho verginn. Solle si sech dann net "Le Race-ssemblement National" nennen? Dat géif jo awer net schlecht passen.

No den Ofsoen elo englesch Wochen: Am Futtball sinn elo zwou englesch Woche programméiert, wou also um Sonndeg a Mëttwoch gespillt gëtt. Wann et an der héchster Divisioun englesch Woche sinn, dann an der 2. héchster Divisioun éischter iresch Wochen, well et ass jo Éire-Promotioun ...

AUDIO: D'Flunkernews 11/2018 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...