
Angscht fir d’Zukunft vun Amerika: Ëmmer méi Leit mengen datt dem Trump seng Aart a Weis ze kommunizéieren katastrophal ass a kinnt zum Ënnergang vun Amerika féieren. Di Leit schwätzen och vun Tweet-tanic.
Chamberleak: Den 100,7 huet dat jo opgedeckt an dat ouni ze hacken. Et ass duergaangen eng URL, also eng Webadress, unzeginn fir kënnen u brisant Infoen ze kommen. Kee Wonner datt grad de Radio Soziokultu-URL op déi Iddi koum.
Staatsvisitt: Ekonomesch Theme goufen ugeschwat awer och reng politescher. Et gouf natierlech och iwwer d’Flüchtlingsproblematik geschwat anscheinend och wärend der Visitt am Musée Rodin. Do hunn se bestëmmt Iddien krut wéi den «Statut du réfugié» kënnt ausgesinn…
Wahlen a Russland: Et gëtt vu ville Manipulatioune zugonschten vum President geschwat. Donieft sollen och ganz vill Wieler ënner Alkoholafloss gewiescht sinn. Allgemeng hunn der e puer e «vote blanc» ofginn, verschiddener e «vote nul» a ganz vill e «vote-k». Di lescht goufe comtabiliséiert.
Stroftaxen fir de Moment fir eis op Äis: Den Amerikaneschen President schéngt eng Fixatioun op déi Taxen ze hunn an d’Geld ass eng Sucht fir hien. Hien reagéiert wéi wann hien ënner enger Taxe-iko-money géif leiden.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...