
Suitten vun der Skripal Affär: Ganz vill Russesch Diplomaten aus ville Länner sinn heem geschéckt ginn. Muencher hu sech ganz gutt mat de Leit an de jeeweilegen Länner verstanen a kruten och e Kaddo fir Äddi ze soen. Kaddo heescht Gift op englesch. Soll dat an dësem Fall ubruecht sinn?
Paninialbummen endlech eraus: Fir ze verstoen wéi wichteg dës sinn beweist d’Tatsaach datt d’Nationaltraineren vun de WM Equippen hir Selektiounen nach net bekannt ginn hunn. Si hu gewaart welch Spiller am Album sinn éier si fir dann hire Kader bekannt ginn.
Péckvillercher; vläicht méi politesch? Et sollen der anscheinend produzéiert ginn mam Portrait vun de bekannten Whistelblowers wéi den Edward Snowden oder den Antoine Deltour. Fir Péckvillercher géif dat zwar passen mä ob dës op der Eemaischen vill géifen verkaf ginn?
Karfreideg: Fir Ouschtersonndeg net mussen ze spillen hu verschidde Federatiounen verschidde Championnatsmatcher op dësen Dag geluecht. Ausser d’Schachfederatioun. Vü datt d’Banken zou sinn kann «d’Fédération des chèques» net vill maachen an op deem Freideg wëll souwisou quasi keen Schach-cuterie.
20 Joer Viagra : eise ganze Planéit ass mëttlerweil voll vun dëse bloen Pëllen. Et ass natierlech awer net dowéinst datt d’Äerd de bloe Planéit heescht. D’Astronauten, déi de Planéit tatsächlech blo gesinn, kréien anscheinend eng adaptéiert Viagra Pëll ugebueden an zwar eng winzeg winzeg kleng well an der Schwéierlosegkeet jo alles vill mi séier klëmmt.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...