Mega Streik am Frankräich: Di Franséisch Cheminote si sech bewosst, datt si riskéieren, mat hire «Grèven» d’Leit a Frankräich an och d’Nopeschlänner fuerchtbar ze nerven. Si wëllen eventuell eng Maniff organiséieren fir hir Noperen ze sensibiliséieren an hir Streiker mat z’ënnerstëtzen. Wann dat hei am Land géif gemaach ginn, da sécher zu Grève-Maacher…

De Puigdemont nees op fräiem Fouss: Di Norddäitsch Riichter an och d’Populatioun vun dohanne si wuel vum Katalan faszinéiert. Net nëmmen datt d’Riichter hie fräigelooss hunn, mä et ass ze héieren, datt Schleswig-Holstein elo och wëlles huet, seng Autonomie ze froen.

Nordkorea bei den nächste Spiller dobäi: De Nordkoreaneschen Diktator, dee jo onbedéngt Atomwaffe wëll, huet sech mam President vum Olympesche Comité gutt verstanen. Hien hat vill Affinitéite mat dësem. Et ass jo den Atomas Bach.

Suite vun der Kris tëscht Groussbritannien a Russland: D’Gëftaffär ass en eminent sensibelen Thema, dofir war een iwwerrascht, datt beim Duell Arsenal London géint CSKA Moskau an der Europaleague d’Ofkierzung um Ecran ARS-CSKA war. Ass dat da keng Provokatioun well fir ganz vill Leit ARS fir Arsenic steet; deem bekanntste Gëft.

Den Trump huet seng Jugend ignoréiert: Virun e puer Deeg haten sech Millioune Jonker an de ganze States mobiliséiert fir géint di aktuell Waffepolitik ze protestéieren. Hire President huet déi Zäit Golf gespillt. Et ass elo vun de Jonken decidéiert ginn, datt si di nächst Maniffen op de Golfterrainen géifen organiséieren. Vläicht ass dann hire President méi concernéiert?

AUDIO: Flunkernews 14/18

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...