Rise Skandal Cambridge Analytica: D’ganz Welt schwätzt iwwer déi App déi masseweis Donnéeë vu Millioune Leit erausfonnt huet. Bei eisem Skandal um Internetsite vun der Chamber goufe jo och Donnéeë bekannt. War dat duerch d’App Chamberidge Analytica?

Suite vum Streik op der franséischer Bunn: D’Leit fänken un d’Gedold ze verléiere wéinst de Monster Retarden an Annulatiounen. Ech war awer immens iwwerrascht, datt ech zimlech mat Zäiten mäin Zuch krut. Ech krut allerdéngs vun engem Schaffner gesot, datt dat awer am Fong den Zuch vum Dag virdru war…

Den Orban ass nees zréckgewielt: Dat ass en Trauerspill fir Europa. Si wëllen einfach keng Flüchtlingen dohannen a plazeweis sinn d’Touristen och guer net wëllkomm. Wéi op deene meeschte Plaze kritt een awer och aus Ungarn no engem Hotelbesuch eng Mail geschéckt fir ze bewäerten, just eben datt an der Mail den Tourist bewäert gëtt.

Skandal Stormy Daniels-Trump: Di ex Pornoactrice hält dem President de Bass. D’Haus vum Trump sengem Affekot gouf esouguer och duerchsicht. Well et eng Pornoschauspillerin war, maachen dem Trump seng Leit elo definitiv eng Plainte géint X.

Evakuatiounen: Bei eis mussen an den ëffentleche Gebaier Evakuatiounspläng hänken, fir esou séier wéi méiglech fort ze kommen am Urgencefall. A munche Krichsregioune missten an de Stied, baussen de Gebaier, Evakuatiounspläng hänken, fir datt d’Leit fortkommen an eng Chance kréien.

AUDIO: Flunkernews 15/18

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...