Flunkernews 13/21 vum Serge Olmo

Anere Numm: De Vaccin „AstraZeneca“ heescht neierdéngs „Vaxzevria“. Egal wéi wäert fir eis deen éischten Numm ëmmer säi „Sprëtznumm“ bleiwen.

Geschwënn eraus op d’Terrassen: Eis Regierung ass jo net frou, fir eng Tracing App ze lancéieren, haaptsächlech aus Grënn vun der „Protection des données“. Gëtt da vläicht un eng Terrassing-App geduecht?

Een erkennen: Et gesäit ee quasi kengem méi säi ganzt Gesiicht, mee am Fong just d’Gesiicht vun de Sportler. Ech fannen dat dann e bësse widderspréchlech, datt grad déi bei deenen, wou ee souwisou d’Gesiicht gesäit, och nach hire Numm op den Trikot stoe kënnt…

Keng Eemaischen: Leider gëtt dat traditionellt Evenement net wéi üblech ofgehalen. Op Ouschterméindeg ass allerdéngs quasi e komplette Spilldag am Fussball. Et gëtt gemunkelt, datt deen een oder aneren Arbitter mat engem Péckvillchen wäert päifen.

Éischten Abrëll: Deen Dag am Joer wou am meeschte Fësch giess gëtt ass am Fong Karfreideg. Dëst Joer ass et u sech eemoleg, datt grad deen Dag esou fält, datt en nom „Poisson d‘Avril » läit, also deem, Dag wou de Fësch am Mëttelpunkt steet.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...