Flunkernews 14/21 vum Serge Olmo

Paninialbum virun der EM:  D‘Kanner tauschen d’Biller wéi soss och ëmmer, mee elo mussen si sech nom tauschen d’Hänn mat Gel botzen. Elo versteet een dann och firwat Cristiano Ronaldo a Co. esou vill Gel an den Hoer hunn.

Visitt beim Erdogan: Et koum an der Tierkei bal zum Eclat well den türkesche President e Stull virgesinn hat fir de President vum Conseil Michel awer net fir d’Kommissiounspresidentin Von der Leyen. Si wousst ee Moment net wou si sech misst „sëtzen“. Den Erdogan huet definitiv e Problem mat Diplom-„Assis“.

Onendlech: De Wladimir Putin huet e Gesetz stëmme gelooss an dem hie nach 15 Joer um Presidentestull ka bleiwen. Wier et net vläicht besser d’Fonktioun ëmzebenennen an zwar datt een do net an Zukunft als President gewielt gëtt mee ganz einfach als Putin?

Zukünfteg Ausschreiwungen fir en Job zu Lëtzebuerg: …Nieft de gefrotenen Diplomer ass d’Beherrschen vun den 3 üblechen Sproochen ee Virdeel wéi och wann ee mat engem vun eisen 3 üblechen Vaccinen geimpft ass…

Fiels an Ëmgéigend: Virun e puer Deeg waren do Leit schelle komm déi anscheinend vun der Santé solle gewiescht sinn. Vläicht waren et Leit vun der Santé déi awer och Jehova sinn?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...