Flunkernews 15/21 vum Serge Olmo

Schnelltester: Vun der nächster Woch un kënnen d’Kanner sech selwer an der Schoul testen. Si dierfen also elo esouguer offiziell mat engem Stäbchen an d’Nues fësche goen. Hoffentlech ginn et déi Deeg net grad Fësch-stäbercher um Menu vun der Kantin.

Brasilien: Wéinst der grausamer sanitärer Situatioun sinn d’Flich mat Destinatioun Brasilien a ville Länner ofgebrach. Firwat invitéiert da keen de President Bolsonaro a wann hien ukënnt géif hien eng onendlech Quarantän musse maachen. De Fliger, deen hie géif huelen, wier vun der Fluggesellschaft J-Air Bolsonaro.

Onbeléift: De Vaccin AstraZeneca ass esou onbeléift an et ginn dësem esou vill negativ Eegenschaften nogesot, datt dacks vergiess gëtt datt ee vun sengen Nieweneffekter eng gutt Protektioun géint de Virus ass.

Oktav ouni Mäertchen: Et ass richteg Schued datt de Mäertchen, dee jo traditionell e Bestanddeel vun der Oktav ass, net organiséiert gëtt. Vläicht wier et, wéi bei der Oktav 2021, och fir d’éischt eng Mäertchenpriedegerin ginn…

Terrassen a Komplottisten: Verschiddener soen d’Regierung hätt dat express gemaach d’Terrassen opzemaachen elo wou  d’Wieder schlecht wier; anerer soen esouguer si hätten d’Wieder beaflosst.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...