Flunkernews 16/21 vum Serge Olmo

Falsch Impfung: Eng Persoun war an engem Impfzenter fir sech impfen ze loossen mee gouf vun engem Insekt gepickt. Si mengt et wier eng Bei-ontech Piqûre gewiescht.

Bidonen a Coursen: D’Cyclisten dierfen hir Bidonen wärend de Coursen net egal wou hi geheien fir d’Natur net ze beschmotzen a well déi Bidonen aus net nohaltegen Matièren sinn. Et hätt ee kënne mengen, datt grad bei de Vëlofuerer, een re-Cycle-abelt Material misst kënnen hunn.

100 Deeg Biden: An de States geet et definitiv besser mat der Pandemie an d’Republikaner vermësse manner den ex President. Gutt datt d’Impfungen gutt funktionéieren an et quasi keng Trump-bose ginn.

Vakanzen fréier an elo: Virun e puer Joer huet ee Fotoe gemaach an et huet een d’Negativen vu senger Vakanz entwéckele gelooss. Elo muss ee negativ sinn fir kënnen aus der Vakanz ze kommen.

Super League: Dat schéngt jo glécklecherweis näischt ze ginn. Wier dat duerchkomm dann hätten an der Tabell keng Punkte méi gestanen just nach de Kapital vum Veräin.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...