Schnelltester: Wou kommen d’Stäbercher hinn déi fir d’Schnelltester benotzt ginn. Jo net an e chineesesche Restaurant oder ?

Ofgelafe Masken: Ech gi méi dacks gefrot ob ee nach Masken kann undinn wann den Datum op der Verpackung ofgelaf ass. Ech géif mengen dat wier kee Problem. De Covid ass jo vu 19 an ass leider och net ofgelaf.

Neie Stadion: Dëse soll eréischt fir de September fäerdeg ginn wann d’Majoritéit vun de Leit geimpft wäert sinn an dëst well et Problemer mat de Computerleitungen, der Hardware…gëtt. Am September wäert deemno eréischt d’Impf-ormatik prett sinn.

Domm gaangen: Elo wou d’Wierder besser gëtt wollt sech e grousse Fussballsupporter e „super Ligestull“ kafen fir déi nei Fussballkompetioun gemittlech ze kucken mee et gëtt jo elo keng Super Ligue…

D’Justiz mécht Progrèsen: De Chauvin ass jo an de States komplett schëlleg gesprach ginn. Esou Polizisten wéi hien sinn esou lues gewarnt  a kucken méi dacks hir Stäerenzeechen. Si liesen also méi dacks hieren „Horrors Cops“.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...