Flunkernews 18/21 vum Serge Olmo

Nees Spectateuren: Fir de Lännermatch géint Schottland Ufank Juni sinn nees Spectateuren erlaabt. D’Leit, déi kucke kommen, musse sech allerdéngs am Virfeld teste loossen. Dat ass jo relativ aliichtend fir en Testmatch.

FFP2: Dës Deeg hate bei deem ville Reen a Wand vill Leit hire Prabbeli virun d’Gesicht gehalen; anerer hunn de Mask ausgedoen, fir datt dësen net naass gëtt. Eng Partie vun hinnen huet gemengt, wa si de Prabbeli virun d’Gesiicht géifen halen, si och géint de Covid geschützt wieren. Ech mengen zwar net, ausser natierlech bei FFP2-Prabbelien…

Verstäerkung: Déi politesch Responsabel aus der Stad wiere frou, haaptsächlech am Garer Quartier Verstäerkung ze kréien, fir d’Sécherheetsproblemer an de Grëff ze kréien. Wier d'Arméi net eng Optioun? D’Zaldote si jo gutt am Gare-d-à-vous.

Livestream: Et kann een d’Masse vun der Muttergottesoktav online kucken. Verschiddener stéiere sech awer drun, datt grad do, wou am Chrëschtentum eng Fra am Mëttelpunkt steet, just vu Masse Strea-Men geschwat gëtt.

Scheedung: De Bill Gates a seng Fra gi gescheet. Et ass besser, si ginn esou auseneen, wéi wann de Bill Gates ewechgefall wier, soss géif ee vun der Madamm soen, et géif ëm Microsoft Widows goen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...