Flunkernews 19 vum Serge Olmo

Restaurante gi nees op mat Test: Ech weess am Kontext Testing net, wat beim PCR-Test de P an den C bedeiten, mee ech sinn zanter e puer Deeg iwwerzeegt, datt den R fir Restaurant steet.

Ëmmer méi Schnelltester am Asaz: D’Autoritéite gesinn duerch d’Tester am Ofwaasser, wéi déi sanitär Situatioun pro Géigend wäert evoluéieren. Kéinte mir als Bierger net och Schnelltester kréien, fir eist eegent Ofwaasser ze testen? 

Ketten: Déi lescht Deeg goufen iwwerdriwwe vill Kette geklaut. Do schéngt sech eng Band drop spezialiséiert ze hunn. Munch Hondsproprietären hu preventiv hiren Hënn d’Halsband ausgedoen an hunn hinnen emol e Geschier ugedoen.

Polemik zu Iechternach: wéinst der historescher Decouverte vum 7. Joerhonnert, net wäit vun der Basilika ewech, riskéiert e grousse Bauteprojet net duerchgefouert ze ginn. Et gi grouss Diskussiounen tëscht de Frënn vun der „Basilique d’Echternach“ an de Frënn vum aktuelle Projet. Et gëtt gefaart, datt et zu Iechternach zu engem Basi-leak kënnt…

Keng Maskepflicht méi an de States: dat ass de Fall fir d’Leit déi zwee Mol geimpft sinn. Déi Leit wäerten dann och geschwënn ouni Restriktioun zum Beispill op Concerte kënne goen. Et huet ee geschwënn keen Iwwerbléck méi. Ech hunn héieren, datt et aner Länner ginn, wou een ouni Restriktioune kann op Concerte goen, wann een eréischt eemol geimpft ass, allerdéngs muss een do zwou Masken undinn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...