D‘Schueberfouer net ofgesot: Et kann ee sech op d‘Séissegkeeten freeën wéi Barbapapa, Popcorn, Nugat…mee natierlech och op d’Attraktiounen. Et wäert een sech och teste mussen deemno wou een op der Fouer higeet. Wann een do Schnelltester mëscht dat gesäit dat mat de Stäbercher esou aus wéi wann dat kleng Barbapapa wieren.

Resolutioun fir d‘Legaliséierung: Gëtt de Cannabis geschwë legaliséiert? Verschidde Parteien sinn dofir. D’CSV an hire neie President sinn dogéint. Et ass een e wéineg iwwerrascht datt grad de Wiss-eler géint d’Gras ass.

Testzenteren an de Gemengen: Vill Gemengeresponsabel wëllen aus verschiddene Grënn net datt bei hinnen Schnelltester gemaach ginn, datt een also op hirer Gemeng an der Nues buer-t. Dat ass net logesch grad bei Buer-germeechter.

Impfung fir déi Jonk: Et gi nach Etuden ofgewaart am Kontext Niewewierkungen bei deene Jonken, déi also net méi am Fondamental oder fréiere „Primaire“ sinn, awer nach keng 18 Joer hunn. Et ass normal datt een haaptsächlech do op d’effets „secondaires“ oppasst.

Al Gewunnechten: Vill Clienten déi am Restaurant hire Plat net fäerdeg kréien wäerten sech en Doggybag froen mat de Menusrechter. Wat allerdéngs nei ass, ass dat Verschiddener och de Recht vun hiren Schnelltester mat heem wäerte kréien.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...