Flunkernews 21/21 vum Serge Olmo

Nei Gewunnechten: Zanter ee muss en e negativen Schnelltest hunn éier een an de Restaurant dierf, si vill Leit net méi frou fir dohin ze goen. Zanter et «Antigène» Tester ginn si vill Leit «genéiert» a gi mëttes net méi «dégenéieren».

Fliger entfouert: De wäissrussesche President huet e Fliger vu Ryanair entféiere gelooss fir e politesche Géigner festzehuelen. All déi demokratesch Natiounen hoffen datt de President dee Geste wäert bereien an den Oppositiounsjournalist wäert zréckbréngen mat engem Fliger vu «Be-Reienair».

Europäeschen Impfpass: Entweder ass een 2 Mol geimpft, et ass ee vum Covid geheelt oder et huet een e rezente negativen PCR Test. All Land soll awer eng gewëssen Autonomie behalen. Fir an d’Schwäiz kann ee sech anscheinend geschwënn eng PCR Vignette beim Automobile Club bestellen.

Ëmmer méi Komplottisten: Dacks sinn d’Komplottisten konservativ Leit vu rietsen oder extrem rietse Parteien. Dës Leit si net ze verwiesselen mat de Leit déi gekachten Uebst, haaptsächlech Äppel, a Konserven stockéieren. Dat si nämlech Kompott-isten.

Restauranten an Zukunft: D‘Horesca wëll geschwënn d‘Tester ofschafen éier een an de Restaurant dierf. Vläicht geet dann d’Virweisen vun den Impfungen duer an et kann een op säin Impfpass als Aperitif en «Aperol Sprëtz» genéissen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...