Flunkernews 22/21 vum Serge Olmo

Oplockerungen: Dës komme pünktlech fir Mammendag. Et ass e Fest, wou vill Geschäfter a Restaurante ganz gutt Affäre maachen, mä och d’Mamme freeë sech. Mammendag ass definitiv ganz kom-mère-ziell.

Spectateuren nees erlaabt: An der NBA sinn an den USA a verschiddene Baskethalen nees Spectateuren erlaabt, mä vue déi grouss Demande, gi vill Supporter ëmmer nees enttäuscht. Obwuel et kloer net duergeet mat Ticketen, firwat schwätzt een dann do vun N-Billet?

Restauranten a Vegetarier: Et ass eng Etüd gemaach ginn, wou erausfonnt gouf, datt d’Vegetarier net gären a Restaurante ginn, déi e puer Etagen héich sinn. Si fannen an deene Restauranten wieren ze vill Steaks.

Testmatch géint Schottland: Et soll dee leschte Match um Stade Josy Barthel sinn. Wat geschitt dono mam Terrain. Et schéngt kloer ze sinn, datt de Baart-hel raséiert wäert ginn…

Roland Garros: Do gouf et jo de Skandal Naomi Osaka, wat sech zréckgezunn huet, well hat net wollt op d’Pressekonferenze goen. Vill Leit hunn d’Positioun vun der Spillerin net verstanen. Eng Pressekonferenz ka jo wuel net esou schlëmm sinn, an ass séier gedoen. Haaptsächlech am Dammentennis, well do dauert alles maximal 3 Sätz.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...