Flunkernews 23/21 vum Serge Olmo

D’EM huet ugefaangen: Et gesäit een allerdéngs vill manner Fändelen wéi dat soss de Fall war. Dat wier awer grad bei dëser Editioun ubruecht well da géif dat op de Façaden ausgesinn wéi wann d’Haus eng Mask hätt.

Biden beim G7 an England: De President Macron ass e bësse veronséchert nodeems hien bei enger Visitt eng op de Bak krut. Obwuel et an England ass, ass hie frou datt et net an der offizieller Residenz vun der Monarchie ass. De Bak-ingham Palace hätt him elo net vill gesot.

Mammendag: Dacks hu wochelaang déi Kleng aus dem Cycle 1 drop higeschafft fir hirer Mamm eppes Flottes ze bastelen oder ze molen. Elo fir Mammendag kënnen si alles mat heem huelen a jiddereen kann d’Resultat gesinn. Mammendag ass punkto Stress e bësse wéi de Premièresexamen fir verschidde Klenger aus dem Premier Cycle…

Spectateuren: Den Tennis ass eng vun de Sportaarten wou d’Spectateuren ëmmer sëtzen. Dat ass bestëmmt de Fall well d’Leit bei den Tournéieren ëmmer wëllen déi „gesate“ Spiller gesinn.

Klimawandel: Et ginn ëmmer méi Iwwerschwemmungen notéiert an d’Pompjeeën kommen ëmmer méi dacks an den Asaz fir d’Waasser aus dem Keller ze pompelen oder änlech Interventiounen. Si droen ëmmer méi mat Recht de Numm Pompe-jee.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...