Flunkernews 24/21 vum Serge Olmo

Sommet ënner Tensioun: D’Presidenten vun den USA (78 Joer) a Russland (68 Joer) hu sech schlussendlech gesinn an et soll och eppes bruecht hunn. Alles an der Rei mee wisou gouf dee Sommet tëscht den 2 eeleren Hären grad zu Jeunes-ève organiséiert?

Vill Leit gepickt: Déi lescht Deeg goufen effektiv ganz vill Leit vun Insekte gepickt. Mustiken a Beien haaptsächlech sollen vun de Vaccinen ugezu ginn besonnesch vum Beiontech-Vaccin. Et freet ee sech ob déi Leit déi esou Theorien iwwer d’In“sekte“ vu sech ginn net selwer ouni ze wëssen an enger Aart „Sekt“ sinn…

EM a gutt Affären: Ganz vill Leit si sech déi lescht Deeg haaptsächlech Tëleeën kafe gaangen fir d’Matcher ze genéissen. Et gouf also e Boom bei de Geschäfter déi électro-ménager Produite verkafen. Am Fong ass dat net onlegesch dat grad E-lectro M-énager bei der EM in ass.

CR7 a Cola: Op enger Pressekonferenz um EURO huet de Cristiano Ronaldo, de Star vum Weltfussball, Colafläschen demonstrativ ewech geholl well dës net gutt sinn fir d’Gesondheet vun deenen déi Fussball spillen. Fir hien huet de Cola definitiv ze vill „Soccer“.

Fändelen un de Façaden: Et fänkt een un der e puer ze gesinn. Fir Nationalfeierdag bei eis riskéiert et duerchennen ze ginn. Portugal spillt géint Frankräich.Vläicht wäerte munch portugisesch Supporter mengen d’Lëtzebuerger hätten de Fändel vun de Fransousen falsch opgehaangen…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...