Flunkernews 25/21 vum Serge Olmo

Wat eng Plo: Am Verkéier hunn dacks d’Leit ze vill Promill am Blutt a verléieren vill Punkten wann si erwëscht ginn. Déi lescht Deeg goufe ganz vill Leit vu Grasmilbe gepickt. Si haten ze vill ProMilb am Blutt a ware leider voller Punkten.

Net ënnerschätzen: Och wa bei eis de Moment d’Situatioun entspaant ass dierf een déi Indesch Variant op kee Fall op d’liicht Schëller huelen an déi Variant wäert geschwënn och absolut majoritär sinn. Ass et well an Indien d’Kéi helleg sinn datt een och bei eis heifir e Kuh-RCode muss virweisen?

Pandemie-Prozesser: Déi éischt Prozesser sinn an Däitschland programméiert géint Leit déi am Ufank vun der Pandemie an de Supermarchéen grouss Quantitéiten vun Toilettëpabeier geklaut haten. Si sëtzen elo op der U-Klo Bänk…

EU Sommet zu Bréissel: Grad deen Dag nodeem d’Gruppephas eriwwer war op der EM an et kloer war datt esouwuel d’Tierkei, Russland an Ungarn eliminéiert wieren an déi lescht an hirem Grupp waren, goufen déi 3 Länner um EU Sommet wéinst hiren politeschen Positiounen och do als déi lescht vun den Demokraten ugesinn.

Homophobie ass definitiv Out: Déi Däitsch wollten de Stadion zu München, wou d’Partie géint Ungarn gespillt gouf, an de Reeboufaarwen beliichten fir ze weisen datt si en homophoobt Gesetz an Ungarn Null fannen. D’UEFA huet dat net erlaabt. Egal wéi hätt et Sënn gemaach bei deem staarke Reen d’Allianz A-Ree-na an de Ree-bou Faarwen ze beliichten.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...