Flunkernews 26

Virdeel vun den Impfungen: Wann d‘Grousselteren geimpft sinn da kënnen d’Enkelkanner respektiv all d’Ierwen quasi ouni Bedenke bei si kommen. D’Impfungen hunn definitiv Ierwewierkungen.

Kräizimpfungen: Et gëtt de Moment vill iwwert d‘Kräizimpfunge geschwat. Warscheinlech wäerten dës geschwënn guttgeheescht ginn. Fir éierlech ze sinn maache mir méi d’Kräizvarianten Gedanken.

Irresponsabel: Eng Spectatrice hat sech bei der éischter Etapp vum Tour de France irresponsabel verhalen an huet e groussen Deel vum Peloton fale gelooss. Si gouf elo fräigelooss an dierf nëmme méi « Contre la montre » kucke goen.

Maillot Jaune: De Leader vun Alpecin huet sech bis elo exzellent geschloen mee riskéiert de Weekend an den Alpen säi Maillot ze verléieren wat schued ass fir d’Ekipp Alpes-pecin.

Lëtzebuerg nees ugegraff: Scho nees gëtt probéiert eis Steierpolitik schlecht ze maachen. Et gëtt «kal-bliddeg» gesot mir wieren e «paradis fiscal». Mir hoffen natierlech datt dat net stëmmt allerdéngs passt dat Wuert paradis fis-Kal bei Steier parad-Äis.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...