Vaccin Topp Thema: Wéi ech op d’Schaff koum a gesot hunn ech wier grad geimpft ginn, sinn ech vun alle Säite gelueft ginn. Dat huet mech gefreet allerdéngs wousst ech net datt mäi Tetanosrappel d’Leit esou géif intesséieren…

Visitt vum Poopst: No senger Operatioun soll de Poopst wärend senger nächster Rees an Ungarn fléien. Munch Chrëschten hoffen datt de Poopst net de Segen „Urbi et Orbi“ wäert ginn. Fir vill Leit géif dat ze vill familiär eriwwer kommen par Rapport zum ëmstriddene Premier „Orban“.

Suitte vum Brexit: Scho virum Brexit waren ëmmer nees Diskussiounen well d’Englänner jo ni den EURO iwwerhuelen wollten an hir Pond bäibehalen hunn. Elo riskéiert d’Europameeschterschaft, wéi schonn an der Halleffinall, vum beschten englesche Spiller Raheem Sterling decidéiert ze ginn. Et ass probabel datt grad de Sterling den EURO kinnt decidéieren…

Zertifiéiert Schnelltester: Et ass grad ab Mëtternuecht, also wou all d‘Zären vun der Auer zesummekommen, datt een muss säi Schnelltest zär-tifiéieren loossen.

CovidCheck omnipresent: Am Horeca Secteur leeft quasi alles iwwer den CovidCheck an d’Leit mussen och warscheinlech no Mëttnuecht nees covidgecheckt ginn. Solle mir dee Secteur net emol einfach Horeca-Checkteur nennen?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...