Flunkernews 28/21 / Serge Olmo

Rentrée: Et muss ee quasi iwwerall e QR Code weisen éier een eragelooss gëtt. Verschiddener mengen et wier och de Fall an der Schoul bei de QR-einsteiger. 

Net motivéiert: Net all Léierpersonal war motivéiert fir de 15. September nees unzefänken. E Kolleeg vu mir wollt net agesinn datt den Datum vun der Rentrée komm ass. Fir hien war de 15. September éischter de 46. August.

Impfbus a WTA Tournoi: Den Impfbus ass eng ganz gutt Saach. Et war driwwer geschwat ginn fir en op d’Kockelscheier kommen ze loossen fir den Tournoi. D’Fro ass ob et grad do Sënn mécht well d’Spillerinnen esou wéi Zuschauer, déi dacks am Tennis aktiv sinn, warscheinlech den Aarm nom Vaccin wéi hunn a fir kuerz Zäit keen Tennis kënne spillen.

Tour de Luxembourg : Et war dru geduecht ginn fir den 3G mussen ze hunn fir eng Etapp kucken ze goen. Gottseidank hu sech d’Organisateuren duerchgesat an gëtt kee Covid-Schleck verlaangt.

Endlech Zuschauer zougelooss: Op den Olympesche Spiller nach gouf et vill Reklamatiounen well déi meescht Spectateuren einfach net den Accord kruten fir d’Kompetitioune kucken ze goen. Et war am Fong bal méi einfach den olympesche Minima ze packen wéi e Pass ze kréien fir eragelooss ze ginn op en olympesche Site. Anscheinend huet op deem Wee esouguer e Supporter eng Medail gewonnen…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...