Réiser Päerdsdeeg: Mam héich kotéierten internationale Reit-Turnéier ginn d’Päerdsfrënn richteg verwinnt. Besonnesch d’Pappen, déi frou si mat Päerd, hu mat deem grousse Reit-Spektakel schonn eng Woch viru Pappendag d’Fêtes des Père-d.

Walen a Russland: Wéi ëmmer goufe ganz vill Manipulatioune festgestallt. Déi russesch Autoritéiten huelen d’Kriticke vun den westlechen demokratesche Länner net eescht. De Beweis ass, datt si d’nächst Kéier d‘Sondage zu de Kandidaten esouguer eréischt no de Walen wëlle maachen.

Verschwierungstheoretiker reloaded: Nodeem dës mat ville Ligen oder hallwe Wourechte probéieren, datt d’Leit sech net sollen impfen loossen, ass elo eng nei Theorie ënnerwee. Verschidde Verschwierungstheoretiker verklickeren de Leit, datt si sech kéinten ent-impfe loossen. Et ass awer net gewosst, ob dat mat engem Produit ass vu Biontech/Pfizer oder Moderna…

Sträit tëscht Frankräich an Australien: D’U-Bootsaffär ass nach laang net eriwwer. D’Fransousen a besonnesch hir „Marine Nationale“ denken driwwer no, verschidden australesch Iesswueren ze boykottéieren wéi Botter a Margarine. D’Fransouse si nämlech getouft, datt d’Australier net hir „Margarine“ Nationale wollten an elo amerikanesch „U-botter“ kafen.

Mechanesch Problemer: No der Summervakanz hunn d’Automobilisten Associatiounen de Bilan gezunn a hu festgestallt, datt et vill Accidenter gouf, nodeem Automobiliste stonnelaang op der Autobunn gefuer waren an hire Parebrise voller Mécke war. Vill mechanesch Problemer gi vun den Assurance gedeckt awer leider net dëse „méckanesche“ Problem.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...