Flunkernews 30/21 vum Serge Olmo

Händschekëscht: Endlech ass et esou wäit an ee vun den sënnloosten Termen wäert esou lues verschwannen. An all Auto ass eng Händschekëscht a bal keen hat eng Händsch dran. Elo schéngt et an d’Richtung ze goen datt een e Mask muss am Auto hunn. Da wäert all Auto geschwënn, a plaz vun der Händschekëscht, eng Maskekëscht kréien.

Unisex: Bei Villem wat een undeet ass et entweder eppes Männleches oder Weibleches. Bei de Masken ass dat egal an et brauch ee net dono ze kucken. Warscheinlech ass dat esou well een esouwuel ee wéi eng Mask ka soen.

Onkloer Koalitioun: An Däitschland schéngt et a Richtung Ampelkoalitioun ze goen. D’Jamaika Koalitioun (schwaarz, giel, gréng) schéngt net realistesch ze sinn an och déi Grouss Koalitioun tëscht der Union an der SPD ass net probabel. Dës Schwaarz-Rout Koalitioun (Fändel vun Angola) wäert also net gemaach ginn obwuel si sech ënnert dem Angola Merkel deelweis bewäert hat.

Penurie op der Insel: D’Englänner hu net méi genuch Chauffeuren fir Wueren ze liwweren. Si kucken elo duerch d‘Fanger an d’Konditioune ginn drastesch erofgesat fir esou vill Leit wéi méiglech ze rekrutéieren. Et wier vläicht e gudde Moment fir dat d’Chauffeuren géifen aushandelen datt d’Englänner endlech d’Fueren op der lénker Säit ewech loossen.

Wat e Gol: De Sébastien Thill huet an der Champions League e wonnerbare Gol geschoss géint Madrid. Et gouf, esou wéi hien de Ball an d‘“Netz“ geschoss huet, esouguer vun engem Konscht-“Wierk“ geschwat. Dofir koum et och esou gutt op de soziale „Netz-wierker“ un.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...