Flunkernews 31/21 vum Serge Olmo

Rise Pann: an dat bei Facebook, Instagram an Whatsapp. Verschiddener mengen déi Pann wier de leschten Méindeg gewiescht well de Sébastien Thill eréischt deen Dag dozou komm ass all seng Messagen opzeruffen.

Et muss ee sech domadder offannen: Et schéngt an d’Richtung ze goen datt mir d’Masken nach eng länger Zäit wäerte behalen. Haaptsächlech hunn d’Fumeure Problemer heimadder. En Zigaretteproduzent ass am gaangen Masken z’entwéckele mat Nikotin-Goût.

E fréiere President am Prisong? De fréiere franséische President Sarkozy ass zu engem Joer Prisong verurteelt ginn a hie misst e Bracelet um Been droen; mee hie geet an Appell. De Verdikt gouf grad wärend der Fashion Week zu Paräis gesprach. Vläicht gesäit hien do e Bracelet deen him kinnt zousoen…

Friddensnobelpräis: Et gesäit definitiv esou aus datt d’Greta Thunberg heifir ni a Fro wäert kommen trotz sengem enormen Engagement fir eise Planéit. Déi jonk Aktivistin hätt méi Chancen en Nobelpräis ze kréien an der Médecine, Chimie…wann hat dee Studiegang géif wielen.

Wanterpneuen: Elo ass d’Zäit fir Pneuen opzeleeën déi méi Grip hunn. Vu datt et och déi Zäit ass wou sech d’Leit sollen géint d’Influenza impfe loossen ass esouwuel fir d’Pneuen wéi fir d’Leit d’Grip-penimpfung in.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...