Flunkernews 32/21 / Serge Olmo

Ried zur Lag vun der Natioun: E Presseorgan hat aus Timingsgrënn keng Zäit fir Reaktiounen vun den Oppositiounspolitiker wéi och vu de Majoritéitspolitiker opzehuelen. Si hunn deemno déi vum leschte Joer publizéiert wat awer kengem opgefall ass.

Dacks kee Covidcheck am Restaurant: Dat schéngt ëmmer méi heefeg de Fall ze sinn. Ech hunn de Restaurateur dës Lescht gefrot wéi et mam Covidcheck wier. Hie war e bëssen iwwerrascht an huet mir dunn säi QR Code gewisen…

VAR: Virun allem am Kontext vun der Lëtzebuerger Nationalekipp goufen et kloer falsch Decisiounen. Et ass net nëmmen bei eise Matcher datt esou Saache virkoumen. Do mussen et awer scho Problemer mat der Vü ginn vun de Videoassistenten. Et kann ee sech froen ob ee net soll Hënn ausbilden fir VAR Arbitteren.

Covidcheck eventuell an der Kierch: Et gëtt driwwer geschwat fir dat laangfristeg anzeféieren. Dat stéiert awer munch Leit déi als Ambitioun hunn an den „Himmel“ ze kommen, fir éier si an d’Kierch ginn, beweisen ze mussen datt si geimpft sinn, getest sinn oder ge-„Hellt“ sinn.

Sportwetten: Dat ass ëmmer méi in a net nëmmen bei deene Jonken. Et gëtt vill drop gewett ob déi eng Ekipp oder déi aner e positiivt Resultat mécht. Dat huet eng Wettentreprise op d’Iddi bruecht d’Leit carrement drop wetten ze loossen welch Ekipp dann elo positiv Resutater hätt net beim Sport mee bei den Tester.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...