Maniff um Kierchbierg: Gewerkschaftler an Demonstranten aus Polen hu virum europäeschem Geriichtshaff manifestéiert an och virun der Ambassade vun der Tschechescher Republik. D’Demonstranten fäerten datt hir Minn zougemaach gëtt. Si koume awer net an d’Ambassade eran well si hätten e Covid-Tschesch gebraucht.

Geschwënn Halloween: Ganz vill Leit wäerte sech als Hexen verkleeden oder als soss eng Gestalt déi Angscht mécht. Et wäerten vill Baler organiséiert ginn wou dacks d’Gestes Barrières vergiess wäerte ginn. Mee zum Gléck si jo vill Leit geimpft an déi Meescht mam Vaccin vu Biont-Hex.

Mantelsonndeg: Et hat ee gemengt datt duerch de Covid d’Leit e bëssen hier Gewunnechten par rapport zum Shoppen geännert hätten. Warscheinlech wäerten awer um Sonndeg genee esouvill Mäntel a soss Kleeder verkaf ginn wéi virum Covid. Also huet d’Pandemie eis Mäntel-itéiten net geännert.

Booster Impfung: D’Leit déi iwwer 75 Joer al sinn, sinn am Gaangen invitéiert ze ginn fir déi 3. Impfung. Esoubal de 75 Anniversaire gefeiert gouf kënnt elo am Prinzip de Bréif. Et sinn der déi feieren dat mat engem Geboost-dagskuch.

Vëlospist: Dës Woch war de Projet Vëlodrome zu Munneref an der Aktualitéit. Et kann ee sech froen ob déi ökologesch Associatiounen mam Projet d’Accord sinn. Et wonnert een datt sech Green-Peace-t net manifestéiert huet.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...