Flunkernews 34/2021

Klappjuegten: Dës ginn dëser Deeg op ganz ville Plazen am Land organiséiert. Vum 1. November u sollen déi och op ville Plazen nom 3-Jeeër-Regime organiséiert ginn.

CovidCheck: Wa virun Ouschteren op „Kar-Freideg“ gefaascht gouf, da gëtt geschwë fir vill Leit och gefaascht, well dës net méi an de Restaurant wäerte goen. Fir si war dëse Freideg e „QR-Freideg“.

Klima am Mëttelpunkt: D’COP26 ass esou eminent wichteg fir eis Zukunft! Ganz vill Regierungscheffe wäerten do hir Rieden halen. Eng Ried vun eisem Premier ass och geplangt. Verschidde béiss Zonge wäerten da vun COPie26 schwätzen.

Elo gëtt drop geschloen: Haaptsächlech wäerten elo verschidde Leit, déi Verschwierungstheorien vertrieden, et genéissen, well de Premier vill kritiséiert gëtt. Dëst haaptsächlech och, well hie quasi keng Referenzen a senger Aarbecht uginn hat. Et kann ee sech froen, wou d’Referenze vun de Verschwierungstheoretiker sinn…

Picken: Ech war richteg iwwerrascht, wéi ech no enger normaler Bluttanalyse eng blo Plooschter op meng Piqûre gepecht krut. Drop stoung „analyséiert“.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...