
Natur ëmmer méi wichteg: Et gi verschidde sensibiliséiert Patronen déi hire Salariéen eng Primm gi wa si mat proppere Gefierer schaffe komme wéi, Trottinetten, Vëloen, elektresch Autoen…Et maachen der awer Schmu. Et huet e Salarié eng Primm krut well hien all Dag mat der Trottinett schaffe koum déi hien an engem Rucksak hat an sengem Dieselauto.
Gepëtzt: Grad wärend der Cop 26 gouf bekannt datt d’Kommissiounspresidentin fir just 50 Kilometer e Privatjet geholl huet. Wa „Ryanair“ eng Bëllegfluchgesellschaft ass dann ass Von der „Leyenair“ éischter eng Deierfluchgesellschaft.
Pneue wiesselen: Am Transport gëtt alles méi deier. Natierlech de Bensinn awer och d‘Wanterpneue mat Felgen oder ouni. Verschiddener kënne sech dat net méi leeschten a froe bei de Garagisten ob si d‘Pneue kinnt ewechloossen an eventuell just Wanterfelge kafen…
Déi ganz haartnäckeg: Et sinn der nach vill déi sech absolut net wëllen impfe loossen. D’Ausried bei ville Fraen ass dat si fäerten et kinnte Problemer gi bei der Schwangerschaft. Eng anti-vaccin Militantin huet dat kloer an däitlech behaapt si géif sech dowéinst net impfe loossen obwuel si wëlles huet e Bébé ze kréie mat enger Mère porteuse.
Op de Griewer: Wéi mir e Méindeg op de Kierfecht gounge ware wéi gewinnt déi meescht Leit däischter ugedoen. D’Majoritéit esouguer schwaarz. Firwat schwätze mir vun Aller-Hell-gen?
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...