Flunkernews 36/21 vum Serge Olmo

D’COP 26 war leider net deen erhoffte Succès: Verschidden Aktivisten soen datt elo schonn, duerch déi wéinege Courage vun de Politiker, e plus vun 1,5 Grad vun der Äerderwiermung garantéiert ass. Muncher nennen dowéinst de Klimasommet vu Glasgow d’COP 27,5.

Vun engem Fuuss gebass: Zu Kielen gouf et jo seriö Tëschefäll mat Fiiss. E Papp a seng Bouwen, déi an der Géigend wunnen, wëllen eng Firma grënnen déi op d’Fuussejuegd spezialiséiert ass. D’Firma nennt sech dann “Chasseurs de Renards et Fiiss”.

Provax: Et gëtt dacks vun den Antivax Mouvementer geschwat déi jo de Vaccin refuséieren. Op där anerer Säit ginn et der och déi fanatesch sinn fir d’Impfung. Déi wéilten och am Kontext vun der Grippenimpfung e “Grippencheck” aféieren.

Positiver am Prisong: Et goufen der jo eng Partie bei eis obwuel déi meescht Prisonéier geimpft waren. Et sinn elo Antigènetester virgesinn fir ze gesinn wat bei de Prisonéier an den Zelle lass ass...

Covidcheck vun der Zukunft: Et ginn anscheinend elo schonn Applikatiounen, wou wann een zum Beispill wäit reest an een eng Zäitverschibung huet, um QR code, wann een dohannen ukënnt, d’Auerzäit vum PCR Test automatesch ëmgestallt ass.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...