Flunkernews 37/21 vum Serge Olmo

Kaddoe kréien: Et stellt sech d’Fro ob et gutt soll sinn datt de Kleeschen bei d’Kanner soll kommen an déi grouss Geschäfter, Schoulen, SEAen…De Kleeschen ass nämlech ganz al an iwwergewiichteg an deemno vulnerabel. Am Fall vun esou Organisatiounen kinnt et sinn datt dëst Joer de Kleeschen eppes vun de Kanner kinnt kréien…

Serologesch Tester: Muencheree Geimpften léisst sech e serologeschen Test maachen fir ze kucken wéi héich säin Taux vun „Antikierper“ ass. Verschidde fanatesch net Geimpfter géifen sech wëllen e serologeschen Test maachen fir ze gesinn wéi vill „Prokierper“ si hunn…

Positiv am Prisong:
Zu Schrasseg ware jo déi lescht Deeg vill Leit positiv. D’Visiteuren déi dohi kommen musse virweisen datt si net positiv sinn. Op ville Manifestatiounen kritt een nom Test e faarwege Bändchen fir ronderëm den Aarm. Am Prisong soll et net e Bändchen mee eng Handschell ginn.

Am Restaurant: Ech hat d’lescht eng Famill gesinn mat Kanner wou d’Kanner ënnert eneen geschwat hu beim Iessen an och mat den Elteren. Si ware net um Handy an hunn och kee Film um Ipad gekuckt. Mir hunn eis gefrot ob mir si net bei engem Assitant social solle mellen. Am Stand genuch si hu keen Handy, oder keen Ipad an deemno wéi kinnt et sinn dat si net op Tiktok ginn…

Wanterpneuen:
Verschiddener wëssen einfach ni ab wéini ee seng Wanterpneuen muss opleeën. Do gëllt am Fong déi selwecht Reegel wéi fir d’Moullen. Et kann een de préférence Moullen iessen a mat Wanterpneuen fueren déi Méint wou en « r » am Numm vum Mount ass; wéi Januar, Februar…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...