Flunkernews 38/21 vum Serge Olmo

Oppassen op d’Fiiss: Wéi d’Leit zu Kielen gebass goufen, haten d’Fiiss Gottseidank keng Tollwut. Anscheinend hat eng Persoun beim Ugrëff e puer Fotoe gemaach, wou d’Fiiss a si drop waren. Dat ware ganz kloer Sel-Fiiss.

Opreegung am Tennismilieu: Déi chineesesch Tennisspillerin Peng Shuai war jo e puer Deeg laang komplett verschwonnen no Uschëllegunge géint en aflossräiche Mann. Et géif ee ech freeën, d’Spillerin nees bei engem Turnéier ze gesinn, besonnesch beim Dammentournoi op der Kockel-Shuaier.

Ampelkoalitioun geschwë prett: An Däitschland schéngt dat ze klappen ënner dem Olaf Scholz. Zu Lëtzebuerg wier dat mat deene selwechten 3 Faarwe méi komplizéiert. De Leader vun där Koalitioun wéilt net, datt ee vun him géif soen, hi wier en Ampelmann.

Grippenimpfung: Et gi vill Leit, déi géint d’Gripp geimpft goufen, an awer nach schnuddelen an houschten. Et kann ee sech froen, ob vläicht och Boostergrippenimpfunge geplangt sinn.

Milliardären an Exploratioun: Am Jeff Bezos wéi och am Elon Musk hiren Entreprisë steet d’Innovatioun an d’Weltraumexploratioun am Mëttelpunkt. Wa si do um Schluss vum Joer vum 13. Mount schwätzen, dann denke si net onbedéngt un hire Paiziedel.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...