Flunkernews 39/21 vum Serge Olmo

Protest: Déi lescht Marche Blanche gouf de Samschdeg 27. November organiséiert obwuel et prinzipiell Freideg soll sinn. D’Organisateuren wollten awer net de 26. d’Marche maachen well « 26 » si ze vill un « 2G » erënnert.

Alt nees eng Mutatioun: Et ass schued datt dee blöde Virus permanent mutéiert mee déi schlau Impfstoffer leider net mat mutéieren.

Sécherheet op de Gare: Et war jo elo viru kuerzem eng Biergerversammlung am Garer Quartier zu dem Thema. De Premier hällt sech zu dem Thema bedeckt. Hie geet net ze vill op de Garer Quartier an fir datt net iwwert d’Zuch-cen soll geschwat ginn.

Geschwënn 3G op der Aarbecht: Déi déi sech net wëllen impfe loossen oder all Dag testen kënne ganz kreativ sinn. Et gëtt och eng Tendenz déi ee scho gesäit. Verschidde Fraen wäerte kuerzfristeg schwanger ginn oder wëllen et ginn fir domatter eng Dispens op der Aarbecht ze kréien an deemno keen 3G wäerten op der Schaff brauchen.

Tennistournéier a China ofgesot: D’Chinesen dréien d’Wouerecht wéi si wëllen. Si soen d’Peng Shuai wier net verschwonnen a kéint op d’Tournéier goen mee all déi aner Spillerinne si verschwonnen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...