Flunkernews 40/21 vum Serge Olmo

Niewewierkungen: Vill Leit si komplett op der Kopp an et geet ville Leit richteg schlecht, well si wëssen datt fir relativ normal ze liewen, si quasi mussen geimpft sinn. Déi aktuell Vaccinen sinn deemno déi éischt an der Geschicht déi Niewewierkungen hunn mee fir déi Leit déi se net kruten.

Impfdosissen vernicht: Ronn 13 000 Dosissen Impfstoff sinn hei zu Lëtzebuerg ofgelaf a mussen vernicht ginn. Firwat ginn déi net op der nächster Marche Blanche ausgedeelt fir datt d’Impfgéigner se kënnen futti maachen. Dat géif d’Participanten defouléieren a géif hinne gutt doen.

Adventskalenner: Et war gewosst datt d’Ampelkoalitioun géif an den éischten Dezemberwochen definitiv ginn also an der Period tëscht dem 1. an dem 4. Advent. Den Olaf Scholz ass deemno en AdventsKranz-ler.

U-Selektiounen: Beim Fussball ginn et jo d’U-12 Selektioun bis erop bei d’U21. Ab dem Alter vun 19 Joer musse ee geschwënn den 2G virweisen fir kënne Sport ze maachen. D’U19 Selektioun riskéiert elo U-2G Selektioun genannt ze ginn.

Ofgelafen Dosissen: Gouf dat scho probéiert déi ofgelafen Dosissen, net ewech ze geheien, mee géint déi ofgelafe Vairanten anzetzen wéi d’Alpha-, d’Beta- oder d’Gamma-Variant ?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...