Flunkernews 41 vum Serge Olmo

Drëtt Dosis: Munch Impfgéigner wiere sech virun allem géint déi 3. Dosis. Et sinn der, déi wëllen onbedéngt hiert Uleies bis bei de Mediateur kréien. Bis elo hate si allerdéngs nach kee Rendez-vous beim Omboost-man.

H5N1: D’Vullegripp huet nees zougeschloen an et sinn och eng Partie Déieren dowéinst gestuerwen. D’Gefligel muss an dëser Zäit immens gutt oppassen, virun allem déi vull-nerabel Déieren.

13. Mount:
Bei deene Meeschten ass jo den 13. Mount e puer honnert Euro manner héich wéi déi normal Pai. Muncher, déi komplottistesch ugehaucht sinn, soen, déi puer honnert Euro wieren ofgehale ginn, fir datt Verschiddener déi kënnen asetzen, fir ab den 15. Januar zertifiéiert Tester ze bezuelen.

Maniffen déi ausgeaart sinn: D’Police ass prett nees Waasserwerfer anzesetzen, fir zum Beispill mat hire Waasserstralen oder „jets d’eau“ d’Manifestanten an der Gitt ze halen. Kee Wonner, datt si déi Gefierer asetzen, wann et ëm 2Jets- oder 3Jets-Manifestatioune geet.

Et kann een alles iwwerdreiwen: Anscheinend solle verschidde Patrone wëlles hunn, nom 15. Januar bei hire Salariéeën de CovidCheck och am Congé ze verlaangen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...