Flunkernews - Réckbléck op 2021 - Dee 1

Telefonéieren mat Mask : Et versteet een eng Persoun dacks schlecht wann dës um Telefon ass an eng Mask unhuet. Dat ass mir nach méi opgefall wann den Telefonat vun engem Numéro masqué koum.

Komesch Theoretiker: Nodeem dës mat ville Ligen probéieren, datt d’Leit sech net sollen impfen loossen, ass elo eng nei Theorie ënnerwee. Verschidde Verschwierungstheoretiker verklickeren de Leit, datt wann si net zefridde sinn mat hirem Impfstoff, si sech kéinten ent-impfe loossen.

Serologesch Tester: Muncheree Geimpften léisst sech e serologeschen Test maachen fir ze kucken wéi héich säin Taux vun „Antikierper“ ass. Verschidde Geimpfter géifen sech wëllen e serologeschen Test maachen fir ze gesinn wéi vill „Prokierper“ si hunn…

Unisex:
Bei Villem wat een undeet ass et entweder eppes Männleches oder Weibleches. Bei de Masken ass dat egal an et brauch ee net dono ze kucken. Warscheinlech ass dat esou well een esouwuel ee wéi eng Mask ka soen.

Pandemie-Prozesser: Déi éischt Prozesser sinn an Däitschland programméiert géint Leit déi am Ufank vun der Pandemie an de Supermarchéen grouss Quantitéiten vun Toilettëpabeier geklaut haten. Si sëtzen elo op der U-Klo Bänk…

Um Autosfestival: Vue datt zanter Joerzéngten an den Autoen Händschekëschte sinn ouni datt een do Händche verstaut, soll vum Autosfestival un, an dat wéinst der sanitärer Situatioun, dat Gefaach zu enger «Maskekëscht» ginn.

Rentrée: Et muss ee quasi iwwerall e QR Code weisen éier een eragelooss gëtt. Verschiddener mengen et wier och de Fall an der Schoul bei de QR-einsteiger.

Net motivéiert: Net all Léierpersonal war motivéiert fir de 15. September nees unzefänken. E Kolleeg vu mir wollt net agesinn datt den Datum vun der Rentrée komm ass. Fir hien war de 15. September éischter de 46. August.

Friddensnobelpräis: Et gesäit definitiv esou aus datt d’Greta Thunberg heifir ni a Fro wäert kommen trotz sengem enormen Engagement fir eise Planéit. Déi jonk Aktivistin hätt méi Chancen en Nobelpräis ze kréien an der Médecine, Chimie…wann hat dee Studiegang elo géif ufänken.

EM a Supporter: Et hat ee vill manner Fändelen gesinn wéi dat soss de Fall war. Dat wier awer grad bei dëser Editioun ubruecht gewiescht well dann hätt dat op de Fassaden ausgesinn wéi wann d’Haus eng Mask hätt.

Irresponsabel: Eng Spectatrice hat sech bei der éischter Etapp vum Tour de France irresponsabel verhalen an huet e groussen Deel vum Peloton fale gelooss. Si gouf elo fräigelooss mee dierf nëmme méi « Contre la montre » kucke goen.

Spectateuren: Den Tennis ass eng vun de Sportaarten wou d’Spectateuren ëmmer sëtzen. Dat ass bestëmmt de Fall well d’Leit bei den Tournéieren och ëmmer wëllen déi „gesate“ Spiller gesinn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...