Flunkernews - Réckbléck op 2021 - Dee 2

COP 26: Dës hat leider net deen erhoffte Succès. Verschidden Aktivisten soen datt elo schonn, duerch dee wéinege Courage vun de Politiker, e plus vun 1,5 Grad vun der Äerderwiermung garantéiert ass. Muncher haten dowéinst de Klimasommet vu Glasgow COP 27,5 genannt.

Klappjuegten: Dës ginn dëser Deeg op ganz ville Plazen am Land organiséiert. Si goufe vum 1. November un op ville Plazen nom 3-Jeeër-Regime ofgehalen.

Positiver am Prisong: Et goufen der jo eng Partie bei eis obwuel déi meescht Prisonéier geimpft waren. Et goufen Antigènetester agesat fir ze gesinn wat bei de Prisonéier an den Zelle lass ass...

Protester: Eng vun de Marche Blanchen gouf de Samschdeg 27. November organiséiert obwuel et prinzipiell Freideg sollt sinn. D’Organisateuren wollten awer net de 26. d’Marche maachen well « 26 » si ze vill un « 2G » erënnert huet.

Alt nees eng Mutatioun: Et ass Schued datt dee blöde Virus permanent mutéiert mee déi schlau Impfstoffer leider net mat mutéieren.

Niewewierkungen: Vill Leit si komplett op der Kopp an et geet ville Leit richteg schlecht, well si wëssen datt fir relativ normal ze liewen, si quasi mussen geimpft sinn. Déi aktuell Vaccinen sinn deemno déi éischt an der Geschicht déi Niewewierkungen hunn mee fir déi Leit déi se net kruten.

Halloween: Ganz vill Leit hate sech sech als Hexen verkleed oder als soss eng Gestalt déi Angscht mécht. Et goufe vill Baler organiséiert wou dacks d’Gestes Barrières vergiess goufen. Mee zum Gléck ware jo vill Leit geimpft an déi Meescht mam Vaccin vu Biont-Hex.

Sécherheet op de Gare an d’«Sourcen» vum Problem: Et war jo elo viru kuerzem eng Biergerversammlung am Garer Quartier zu dem Thema. De Premier hält sech zu dem Thema bedeckt. Hie geet net ze vill op de Garer Quartier an fir datt net iwwert d’«Zuch-cen» soll geschwat ginn.

Wanterpneuen: Verschiddener wëssen einfach ni ab wéini ee seng Wanterpneuen muss opleeën. Do gëllt am Fong déi selwecht Reegel wéi fir d’Mullen. Et kann een de préférence Mullen iessen a mat Wanterpneuen fueren déi Méint wou en « r » am Numm vum Mount ass; wéi Januar, Februar…

Ampelkoalitioun: An Däitschland huet dat geklappt ënner dem Olaf Scholz. Zu Lëtzebuerg wier dat mat deene selwechten 3 Faarwe méi komplizéiert. De Leader vun där Koalitioun wéilt net, datt ee vun him géif soen, hi wier en Ampelmann.

Adventskalenner: Et war gewosst datt d’Ampelkoalitioun géif an den éischten Dezemberwochen definitiv ginn also an der Period tëscht dem 1. an dem 4. Advent. Den Olaf Scholz ass deemno en AdventsKranz-ler.

Opreegung am Tennismilieu: Déi chineesesch Tennisspillerin Peng Shuai war jo e puer Deeg laang komplett verschwonnen no Uschëllegunge géint en aflossräiche Mann. Et géif ee ech freeën, d’Spillerin nees bei engem Turnéier ze gesinn, besonnesch beim Dammentournoi op der Kockel-Shuaier.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...