Flunkernews 32/22 vum Serge Olmo

Wichteg Woch um Krautmaart: Et goung ganz vill ëm d’Spuermoossnamen. Firwat ass deen een Dag d’Ried zur Lag vun der Natioun an dann den Dag drop d’Budgetsried. Kinnt een net an enger Kéier d’Ried zu der Budgetslag vun der Natioun maachen? Domadder géif een jo och vläicht un de Rieden spueren…

Grousse Retard bei de Liwwerungen: De Verkaf vun den Autoen fir dëst Joer goufe matgedeelt. Et goufe vill manner Autoen am Joer 2022 verkaf am Verglach zum Joer virdrun. De Secteur erwaart sech deemno vill vum nächsten Autosfestival. Et wäerten tatsächlech vill Leit op de Festival kommen fir en neien Auto sichen ze kommen, haaptsächlech déi Leit déi hiert Gefier vum leschte Festival nach net geliwwert kruten. 

Geeschterfuerer: Dat ass jo op den Autobunnen richteg geféierlech. Elo geschwënn ëm Halloween wäerten eis op de Stroossen ëmmer méi Geeschterfoussgänger entgéint kommen. 

Rakéitentester: Vill Länner hunn hir Miss 2023 scho gewielt. A, Nordkorea si se nach am Gaangen mat hiren Rakéitentester déi ideal Missilen eraus ze sichen déi dem Leader am beschte gefalen. Do ass awer anscheinend och geschwënn d’Miss-ilwal 2023. 

Austricksen: Zanter Joeren mécht e Kolleeg ëmmer dee selwechten Trick fir seng Wanterpneuen net mussen ze bezuelen. Hie seet senger Assurance et wier nees Vandalismus gewiescht an seng Pneuen wiere futti gemaach ginn. Hie kritt dann vun senger Assurance virun de kale Méint seng Wanterpneuen wéinst Wanter-lismus rembourséiert.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...