Flunkernews 33/22 vum Serge Olmo

Nei Generatioun: All déi Jonk si gewinnt Sproochnoriichten op Whatsapp ze maachen a kennen d‘zickzack Zeechen wann een eng Sproochnoriicht oflauschtert an dacks ass et eng léif Noriicht. Wann ee vun hinnen fir d’éischt muss säin Häerz kontrolléieren loossen wäert dësen den Elektrogardiogramm als eng Sproochnoriicht vum Häerz ugesinn.

Séier fort: D‘Liz Truss war knapp 45 Deeg Premierministesch. Wann et op deem Rhythmus weider geet, da kinnt de Kinnek Charles III, trotz sengen 73 Joer, méi Premier Ministeren erliewen wéi seng Mamm.

Ongerecht: Et ass net fair datt der Premierministesch Truss net méi Zäit gelooss gouf. Si war nämlech ganz no drun fir d'nächst Joer, op jiddefalls emol an der Ekonomie de Nobelpräis ze kréien.

Penurie: Déi lescht Wochen war et a Frankräich plazeweis bal onméiglech eng Drëps Bensinn ze kréien. Et goufen awer weider Occasiounsautoen verkaf allerdéngs gouf de Präis vum Auto net méi par Rapport zu de Kilometer gekuckt déi um Tacho stoungen mee par Rapport zu der Quantitéit Bensinn am Tank.

En Zeeche setzen: Verschidde Länner oder Stied gesinn dat als couragéierte Gest keng Public Viewingen fir d’WM am Katar z’organiséieren. Mee ganz éierlech kann ech mir net virstellen datt dat esou e grousst Symbol ass. Wien wier da schonn tëscht dem 20. November an dem 18. Dezember sech bei äiskalem, fiichte Wieder virun en Ecran stelle gaangen…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...