Flunkernews 34/22 vum Serge Olmo

Spuermoossnamen iwwerall: Et soll elo ganz geschwënn an natierlech och bei den Chrëschtbeliichtunge gespuert ginn. Biologisten sinn an deem Kontext anscheinend am Gaangen eng Dännebam-Zort ze ziichten déi an der Nuecht liicht. 

Allerséilen: De Weekend gi ganz vill Leit Couppen op d’Griewer stellen fir Dës flott ze dekoréieren. Grad dee Weekend sinn och am Fussball d‘1/16s Finallen programméiert. Wéi op de Griewer geet et och hei ëm eng Coupe. 

Dammen um Pouvoir: Den Donald Trump, dee jo och ganz riets agestallt ass, appreciéiert datt an Italien eng Fra an zwar d‘Giorgia Meloni um Pouvoir ass. Hien denkt eventuell drun seng Fra an d’Politik ze lancéieren mat engem ganz rietse Programm. Et wier dat d‘Meloni-a Trump. 

Et leeft net méi vill: Grad elo an der Halloween Zäit gouf matgedeelt datt den Dossier Google Datazenter zu Biissen nach ëmmer am Standby ass. Et ass awer net onlogesch datt grad elo iwwer den Datazenter an Kür-Biissen geschwat gouf. 

Neie Versuch: De Rishi Sunak ass de neien brittesche Premier. Et huet ee misste sinn dee ganz séier d’Tories-Bot iwwer Waasser hält well bei hinnen alles hanne vir ass. Dofir gouf mam «Sunak» eng Persoun erausgesicht wou de Numm vun hanne no vir «Kanus» geschriwwe gëtt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...