Flunkernews 35/22 vum Serge Olmo

Halloweensymbol: Et ass vill Aarbecht fir e Monster aus engem Kürbis ze schneiden dofir gëtt probéiert Kürbissen ze ziichten déi scho mat engem Monstergesiicht wuessen a gepléckt kënne ginn. Et ass dat och eng Bioziichterei a si ass fear-trade. 

Sonnegen 1. November: Bei eis hat de Paschtouer, wéi hien laanscht Griewer goung, e Sonnebrëll un. Et war ëm Mëtteg an d’Sonn war um héchste Punkt. Et war déi éischte Kéier datt ech erlieft hunn datt bei enger Seenung op Allerhellegen d’Sonn um Seen-it stoung. 

Bolsonaro net wéi den Trump: Den ex brasilianesche President, deen den Amazonas Bësch ni protegéiert huet, mécht et net wéi den Trump a wäert keng topsecret Dokumenter mathuelen oder kopéieren. Hie sot hie wéilt keng Kopien maachen fir net onnéideg Beem mussen ze opferen...

Pneuen: Ëm dës Joreszäit, wou d’Blieder falen, ass et op munche Plazen uechtert d’Welt, wou d’Stroossen duerch d’Bëscher ginn, richteg glat wéinst de ville Blieder. Op deene Plazen leeë si och keng richteg Wanterpneuen op mee éischter Bliederpneuen...

Sport op Allerhellegen: Traditionnell gëtt um 1. November quasi kee Sport praktizéiert. Hei am Land huet d’Handball Dammenationalekipp géint d’Ukrain gespillt. International waren NBA Matcher programméiert . Et ass awer am Fong zimmlech normal datt Basket gespillt gëtt well et den 1.11. ëmmer ëm Kierf-eschter geet.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...