Wichteg Midterms: Wéi vill Leit hu wéi ech quasi déi ganz Nuecht op d’Resultater gewaart? De Moien drop hunn ech verstanen firwat déi Walen midd-terms heeschen.

Boykott: Verschiddener wëllen wéinst der WM am Katar de ganze Fussball boykottéieren. Anerer wëlle nach méi wäit goen a wëllen och den American Football boykottéieren well do déi bekanntste Persoun um Terrain de Katar-back ass.

COP 27: Et wäert Ägypten finanziell eppes bréngen wéinst der Werbung a wäert vill Touristen bei d’Pyramide komme loossen a virun allem bei déi gréisst an eelste Pyramid. Dëser Deeg kinnt een dës Pyramid Cheops 27 nennen.

Walen iwwerbewäert: An den USA hunn haaptsächlech déi extremistesch Amerikaner gesot si géifen d’Walresultater souwisou net respektéieren. Si wëllen dat wat Sondage virun de Walen annoncéiert hunn als méi wichteg ugesinn. Laangfristeg kinnt et sinn datt d’Walen eng gutt Preparatioun op d’Sondagen ginn.

Vill Leit entlooss: Bei Twitter hu jo leider dausende Leit hir Plaz verluer. Si hate gemengt si hätten op mannst deen een oder anerer Mount Kënnegungsfrist. Am Fong gëtt et fir de Musk just bei SpaceX e «Mound» Kënnegungsfrist.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...