Flunkernews 37/22 vum Serge Olmo

D’FIFA misst bal en Zeeche setzen: A Plaz op der WM déi 8 Gruppen vun A bis H ze benennen wier et ubruecht gewiescht, dës mat aner Buschtawen oder Zeechen ze benennen, wéi zum Beispill L G B T Q I A + well dat jo e groussen Symbolwäert gehat hätt. 

Spueren ass tromp: Et ass ganz wichteg Energie ze spueren, awer vläicht esouguer laangfristeg nach méi wichteg, Waasser ze spueren. Et ass esou wichteg, datt Autoen am Gaange si, gebaut ze ginn, déi net knaschteg ginn. Laangfristeg sinn déi richteg propper Autoen, net déi déi keen CO2 ausscheeden, mee déi, déi kee Waasser brauchen, fir gewäsch ze ginn. 

Indextranchen: D’nächst Joer ginn et der esouguer vläicht 3. Verschidde gescheete Leit si richteg geplot, well d’Pensions Alimentairen da mussen adaptéiert ginn. Am Fong mécht dat Sënn fir sengem/senger Ex an deem Fall méi Geld ze ginn, well et geet jo ëm den Ind-Ex. 

Waffelobby an den USA: Anscheinend sinn hir Memberen dacks fanatesch Supporter vum Trump. Si sinn iwwerraschenderweis emol net ofgeneigt, Flüchtlingen opzehuelen aus der Ukrain oder soss Flüchtlingenm mee si wëlle netm datt hir Heemeschtswaffen zum Beispill an d'Ukrain solle "flüchten" a wëllen leider déi Exporter stoppen.

Keng republikanesch Well: D’Spezialiste mengen, dat wier bei de Midterms esou gewiescht, well sech d’Populatioun géint d’Fräiheet am Kontext Ofdreiwung gewiert huet. Dat dem Trump seng Partei majoritär esou géint d’Ofdreiwung ass, ass bestëmmt, well si mengen, si hätten d’Recht ze decidéieren, well si Republi-Kanner wieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...