COP 27 an Opportunisten: Verschidde extrem riets Parteien praktizéieren kuerz no der COP Populismus a soen si wéilte keng Auslänner an hire Länner ophuelen well si net wëllen dat méi CO2 ausgescheet gëtt. 

System blockéiert: Den Donneschdeg konnten d’Leit net méi mat Kreditkaarten bezuelen national an deelweis och international. Dat huet fir ganz vill Opreegung gesuergt. Vill Koppelen hätt dee Blackout vun de Kreditkaarten en Dag méi spéit arrangéiert an zwar um Black Friday well dann hätte verschidde Stéit vill vill manner ausginn... 

Trump “Lahme Ente”: Den ex US President ass wéinst den duerchwuessene Resultater vun de Midterms politesch zimmlech blockéiert. Donieft dierfen elo och seng Steiererklärungen, déi de Fisc huet, publizéiert ginn. Hien ass deemno net onbedéngt den «Donald Duck» mee éischter den «Daff-fisc Duck». 

Enorm laang Nospillzäit: Op der WM gëtt dacks méi wéi 10 Minutte pro Halbzeit nogespillt. Wann dat esou weider geet da ginn déi 90 regulär  Minutten geschwë Virspillzäit genannt. 

Rush op Tëleeën: Bei all WM oder EM gi vill nei Apparater kaf. Ech kennen der déi sech eng nei Tëlee kaf hunn extra fir d’WM ze boykottéieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...