Chinese komplett COVID-fixéiert: Et gouf dohannen decidéiert d’Tribüne mat Leit op der WM net ze weisen fir datt ee keng vill Leit beieneen ouni Maske soll gesinn. Déi iranesch Autoritéiten, déi leider géint de Rise Fräiheet Mouvement vun de Fraen kämpfen, wëlle grad déi Tribüne weisen well een do och esouguer Männer mat enger Kappbedeckung gesäit. 

Politiker gepëtzt: Den ADR Deputéierten Roy Reding hat, wéi hien en Appartementshaus verkaf huet, net matgedeelt datt een am Keller keng Wunnéng mat «Zëmmeren» dierf amenagéieren. Hie wëll awer grad an der «Chamber» bleiwen.

Nach méi onsënneg Organisatioun: D’WM am Katar z’organiséieren ass nach näischt. FIFA Fonctionnairen mam Elon Musk zesummen wëllen d’WM 2030 op enger Plaz organiséieren déi nach manner ubruecht ass an zwar um Mound. De Moment gesi mir d’Zeenen an Zäitlupp nëmmen bei decisiven Aktiounen. Um Mound wäert dat bei all Aktioun sinn.

Kleeschen och op der WM? Do ass et nach net Traditioun well et net vill Kamäiner an den Haiser ginn. Et kinnt een sech virstellen datt de Kleeschen de 6. Dezember «Ka-Doha» géif ausdeelen mee hie kinnt net aus dem Kamäin kommen well dohannen ass e «Kamin Out» net erwënscht.

D’Sportler an d’Sportlerinnen an d’Ekippe vum Joer: Et passt einfach gutt datt déi Soirée zu Munner-Oeuf ass well mir schwätze jo vu Sportler-Eeërung.

Flunkernews 39/22 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...