Flunkernews 40/22 vum Serge Olmo

WM-Tëschebilan: Den Iran hat Wales geklappt op der WM. Am Iran ass jo d’Problematik vum Voile immens akut an haaptsächlech d’Fraen vun dohannen brauchen d’Ënnerstëtzung vun der ganzer Welt. Op der WM huet symbolesch d’Ekipp vum Iran grad géint d’Voiliser 2:0 gewonnen. 

6. Dezember: Kleeserchersdag ass immens männlech. De Kleeschen ass e Mann esou wéi den Houseker. D’Kanner kréien deen Dag Boxemännercher a esouguer déi Friichten déi an den Tiitercher sinn si  Mann-darinnen. 

Gratis Verhütungsmëttelen: Dat ass eng wichteg Decisioun fir déi Jonk a Frankräich am Kontext Geschlechtsverkéier. Si probéieren dohannen esou lues op eise Wee ze goen well bei eis ass zanter bal 3 Joer all Verkéier gratis.

Éischt Mënz: Dem neie Kinnek säi Portrait ass neierdéngs op enger 50 pence Mënz drop. A Groussbritannien hunn d’Monarchie an d’Mënzen en direkten Zesummenhang. De beschte Beweis ass datt de Charles III geschwënn an der Westmënz-ter Abbey wäert gekréint ginn.

Kee Fondamental de 6.12.: D’Kanner vun de Cyclen 1 bis 4 gi fir Kleeserchersdag ni an d’Klass. Fir d’Léierpersonal an d’Kanner ass dat normal well et ass jo St. ni-Klass.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...