Flunkernews 41/22 vum Serge Olmo

Vill Geld: Et war déi lescht Wochen haaptsächlech vill driwwer geschwat ginn datt de Katar d‘WM am Fussball accordéiert krut wéinst dem ville Geld deen d’Katari hunn. Deementspriechend ass et relativ logesch datt sech Argent-tinien a Frank-räich fir d’Finall qualifizéiert hunn. 

All Joer déi selwecht Diskussiounen: Natierlech fannen d’Parteien  vun der Oppositioun de proposéierte Budget fir 2023 ganz schlecht an d’Majoritéitsparteien fannen dësen topp. Am Oktober 2023 gi mir gewuer welch Parteien déi 5 nächst Joer de Budget egal wéi ganz sécher wäerten immens schlecht fannen. 

Rise Commerce: Enorm Quantitéiten „Dännebeem“ ginn ueschtert d’Welt transportéiert fir als Chrëschtbeemercher dekoréiert ze ginn. De gréissten Exportateur ass dat südlechst vun de skandinavesche Länner. Et mécht Sënn datt déi meescht Beem aus „Dännemark“ kommen.

Eventuelle Boycott: Et ass am Gespréich, wéinst dem Skandal ronderëm der EU Vizepresidentin déi jo Schmiergelder vum Katar krut, datt d’FIFA eventuell d’EU kinnt boykottéieren.

Konsequenze vum Klimawandel: Ëmmer méi Leit hunn e falsche Chrëschtbeemchen an hirer Stuff. Wann dat esou weider geet, kann et sinn datt wéinst dem Klimawandel, de Mangel u Waasser…leider geschwënn och falsch Beem an de Bëscher wäerte stoen kommen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...