Flunkernews 2022 / Réckbléck Deel 1

Schlechte Souvenir: Et ass scho bal vergiess, datt mir virun net alt ze laanger Zäit am Lockdown waren. Et hunn déi lescht Zäit ëmmer méi Stéit eng Alarmanlag. Elo ass et natierlech fir datt kee Friemen an d’Haus soll kommen. Deemools am Lockdown war et bei munchen fir datt keen aus dem Haus soll erausgoen.

Ëmmer méi realistesch: Dat vläicht beléiftste Spill vun der Welt an zwar d‘FIFA-2022 gëtt ëmmer méi realistesch. Op der Playstation, der Xbox…goufen do reegelméisseg Matcher ofgesot, well deen een oder anere Spiller am FIFA-Spill positiv getest gouf.

De Premier un der Front: Vill antivax Militanten haten dem Premier d’Schold ginn, datt si esou an den Eck gedréckt goufen. Deemno waren der am Ufank vum Joer bal grad esou vill anti-Vax wéi anti-Xav.

Visitt an de Balte-Länner: De Vizepremier François Bausch hat Ufank Mee eng erfollegräich Visitt, mee besonnesch a „Lettland“ hätte si léiwer gehat, datt eis Vizepremier-Ministesch matkomm wier. Dat ass net iwwerraschend, wann et ëm d’Pau-Lette geet.

Gratis Betreiung: Virum Summer gouf bekannt, datt am Prinzip d’Kannerbetreiung ab der Rentrée gratis wier an der Schoulzäit, mee net an de Schoulvakanzen. Vill Leit haten sech opgereegt a gefrot firwat dann d’Schoul gratis wier an déi non-formal Kannerbetreiung net. D’Äntwert vun engem Fonctionnaire war, datt d’Schoul an der Vakanz och payant wier, mee well dës an der Vakanz zou wier géif een dat net mierken.

Flitzer: Wärend an nom Futtballmatch Lëtzebuerg-Tierkei waren Ufank Juni Flitzer op den Terrain gelaf. Verschiddener, déi net vill vu Sport verstinn, waren duercherneen an hate sech gefrot firwat dat dann am Tennis erlaabt ass, datt Jonker op den Terrain lafen? Dës Persoune wousste bestëmmt net, datt dat d‘Balljonge sinn.

Tour de France: Déi éischt Etapp war an der dänescher Haaptstad. Et war ganz kloer déi flaachsten Etapp an dat grad zu Koppen-hagen.

Schueberfouer: Och op der Fouer war nogeduecht ginn, wéinst der Attack vun de Russen op d’Ukrain ze reagéieren, an et gouf driwwer geschwat 2023 eventuell keng Achterbunne méi op ze riichten. Wéi op ville Plazen, wou russesch Produkter evitéiert ginn, wëllen si hei d’Montagnes Russes vermeiden.

Elektroauto: Ee Kolleeg vu mir an zwar de Sinner Ben, deen nach ëmmer e richtegen Autofreak war, hat sech en Elektroauto zougeluecht. War et wéinst de Spritpräisser oder wéinst der Ëmwelt? Fir mech war dat definitiv en Zeechen dat grad hien kee Ben-Sinner méi wollt.

US-Open ouni Djoko: De serbeschen Tennisstar konnt jo, well hie net géint de Covid geimpft war, net bei 2 Grand-Slam-Turnéier mat maachen. Hie fäert och, datt nach eppes op hien duer kënnt an zwar datt sech d’Tennisspiller wäerte musse géint d’Afepouken impfe loossen. Verschidden Dubbelspiller gehéieren nämlech zu de Risikogruppen well si vill verschidde Partner vum selwechte Geschlecht hunn.

Rentrée: Genee wéi fir d’Kanner war Mëtt September och d’Rentrée an den Hondschoulen. Wéi bei deene klenge Kanner, déi vill gekrasch haten, gouf déi éischt Zäit bei den Hënn ganz vill gebillt. Den Ënnerscheet war, datt d’Rentrée bei den Hënn awer näischt mam Bill-dungsministère ze dinn hat.

Vegan: Statistesch gesi gi méi vegan Foussgänger ugestouss, well si vu vir era refuséieren, iwwert Zebrasträifen ze goen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...