Flunkernews 2022 / Réckbléck Deel 2

Patchwork Famillen: Pappendag ass hei ni ze verwiesselen mee aner individuell Deeg si méi komplizéiert. Dacks verpasst een en Hochzäitsdag oder en aneren wichtegen Datum. Et ass scho virkomm datt een sech un dee richtegen Hochzäitsdag erënnert huet mee mat der falscher Fra.

WM boykottéieren: Et war virun der WM am Katar e groussen Thema. Ganz Couragéierter wollten esouguer nodréiglech decidéieren d’WM a Russland vun 2018 ze boykottéieren.

Geeschterfuerer: Dat ass jo op den Autobunnen richteg geféierlech. Ëm Halloween konnt een dovun ausgoen datt op de Stroossen an Trottoiren, wéinst dem Verkleeden, ëmmer méi Geeschterfoussgänger eis entgéint kinnte kommen. 

Nei Generatioun: All déi Jonk si gewinnt Sproochnoriichten op Whatsapp ze schwätzen a kennen d‘zickzack Zeechen um Handy wann een eng Sproochnoriicht oflauschtert. Wann ee vun hinnen fir d’éischt muss säin Häerz kontrolléieren loossen wäert dësen den Elektrokardiogramm als eng Sproochnoriicht vum Häerz ugesinn.

Séier fort: D‘Liz Truss war knapp 45 Deeg Premierministesch. Wann et op deem Rhythmus weider geet, da kinnt de Kinnek Charles III, trotz sengen 74 Joer, méi Premier Ministeren erliewen wéi seng Mamm.

Ongerecht: Et war net fair datt der Premierministesch Truss net méi Zäit gelooss gouf. Si war nämlech ganz no drun fir d'nächst Joer, op jiddefalls emol an der Ekonomie de Nobelpräis ze kréien.

Spuermoossnamen iwwerall: Et sollt och bei den Chrëschtbeliichtunge gespuert ginn. Biologisten sinn an deem Kontext am Gaangen eng Dännebam-Zort ze ziichten déi an der Nuecht liicht.

Rush op Tëleeën: Bei all WM oder EM gi vill nei Apparater kaf. Ech kennen der déi sech virun der Weltmeeschterschaft 2022 eng nei Tëlee kaf hunn extra fir d’WM ze boykottéieren.

COP 27: Dës huet Ägypten finanziell eppes bruecht wéinst der Werbung a si wäert och vill Touristen bei d’Pyramide komme loossen a virun allem bei déi gréisst an eelste Pyramid. Wärend der Klimakonferenz gouf dës Pyramid esouguer Cheops 27 genannt.

D’FIFA misst bal en Zeeche setzen: A Plaz op der WM déi 8 Gruppen vun A bis H ze benennen wier et ubruecht gewiescht, dës mat aner Buschtawen oder Zeechen ze benennen, wéi zum Beispill L G B T Q I A + well dat jo e groussen Symbolwäert gehat hätt. 

6. Dezember: Kleeserchersdag ass immens männlech. De Kleeschen ass e Mann esou wéi den Houseker. D’Kanner kruten deen Dag Boxemännercher a esouguer déi Friichten déi an den Titercher waren waren Mann-darinnen. 

Vill Geld: Et war déi lescht Wochen haaptsächlech vill driwwer geschwat ginn datt de Katar d‘WM am Fussball accordéiert krut wéinst dem ville Geld deen d’Katari hunn. Deementspriechend war et relativ logesch datt sech Argent-tinien a Frank-räich fir d’Finall qualifizéiert haten. 

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...