Flunkernews 01/23 vum Serge Olmo

Darts WM: All Joers ëm de Joreswiessel ass dës vill mediatiséiert WM zu London. Wärend deenen Deeg, wou weltwäit vill Freedefeier geschoss ginn, stinn d’Zilscheiwen am Mëttelpunkt. Et ass definitiv Traditioun datt ëm « Zil »-vester feux « Darts »-tifices geschoss ginn.

Wantersolden: Wärend de Wantersolden hu vill Butteker Sonndeg op. Vü datt Sonndeg keng Schoulen funktionéieren an d’Maisons Relaisen zou hunn ass opgefall datt verschidden Eltere sech eppes aneres afale gelooss hunn fir ouni hir Kanner roueg akafen ze goen. D’Zuelen vun de Kanner déi déi Sonndeger an d’Mass ginn si nämlech vill méi héich. 

Wafferouen: Di ganz Welt hat ganz motivéiert Argumenter fir dem Putin seng kuerz Wafferou a Fro ze stellen. Historesch gesinn ass et awer net ëmmer evident eng Wafferou z’interpretéieren. Et goufe fréier bestëmmt scho mol Konflikter wou de Krich eskaléiert ass well deen een deen anere beschëllegt hat als éischten opgehalen ze hunn mat schéissen. 

Traditioun fir d’Feierdeeg: Bei eis gi besonnesch den Dag no Chrëschtdag all d’Alimenter, déi aus dem Mier kommen, opgedëscht sief et Austeren, Coquilles Saint-Jacques, Krevetten...All déi eedel Wueren déi aus dem Fëschrayon kommen sti logescherweis op Stie-fësch-dag um Menü.

Äerderwiermung: Wann ee gesäit wéi d’Politiker probéieren déi effikass Methoden an d’Längt ze zéien fir deem entgéint ze wierken, hätte mir méi Chancen d’Konsequenzen vun der Äerderwiermung ze bremsen wa mir eise Wëssenschaftler d’Mëttelen géife ginn fir datt si Léisunge fannen fir datt zum Beispill de Schnéi an d’Gletscher eréischt bei méi héijen Temperaturen ufänken ze schmëlzen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...